Bistro-Brasserie
in Mersch

food
1 Rue Jean Majerus
L- 7555 Mersch

#mirsimiersch

Als authentesch a lokal Bistro-Brasserie nierft der tower zentraler Méchelsplaz zerwéiere mir Iech lokal a regional Platen an enger waarmer a gemittlecher Atmosphär. Als Treffpunkt vu Miersch organiséiere mir Evenementer fir jonk an al. Beim Méchel ass eng Bistro-Brasserie fir jiddereen. Mat dem Emblème vu Miersch, dragon dem Draach, spigelt de Beim Méchel d’Geschicht an d’Leit erëm. 

food
food
food

Eng regional Kiche fir jiddereen

Eis Passioun fir regional a lokal Kiche kënnt Dir an eisen héichwäertege Platen mat lokale Produite schmaachen. Et ass fir all Goût eppes dobäi. Mat eisem Plat du jour gëtt et all Woch eppes Neies ze schmaachen, sief et vegetaresch, brokoli Fësch oder mat Fleesch. Ausserdeem hu mir och en chicken Rôtisserie Grill mat deem mir lecker Poulet Platen preparéieren. Fir de klengen Honger moies hunn mir natierlech och eppes. All Sonndeg zerwéiere mir e Brunch Buffet.

cocktails
group of people

E Patt Beim Méchel

Beim Méchel hu mir e grousse Choix u lokalem an internationalem Béier, Wäin, Cocktaile cocktail an anere Gedrénks. Huelt Iech Plaz op eisen Dëscher am gemittleche Barberäich oder setzt Iech direkt bei eise Wiert un d’Bar a genéisst e Patt. Eis Bar ass riichtduerch op. Liest eng Zeitung an entspaant Iech bei engem coffee Kaffi. Als zentral Plaz vu Miersch, si mir de ganzen Dag fir Iech op fir eppes drénken ze kommen. umbrella Am Summer kënnt Dir eppes Erfrëschendes op eiser grousser Terrass drénken. 

bm interior
people

E Lokal fir jiddereen

Grouss Gruppe kënnen eisen Event Sall an Terrass um 1. Stack benotzen. Dëse ka fir verschidden Evenementer benotzt ginn. Sief et fir Sportscluben, Quizzer oder Versammlungen, people Beim Méchel ass en Treffpunkt fir jiddereen. De Sall kann adaptéiert gi fir verschidden Occasiounen. old man Mat eisem Lift ass et dann och einfach fir op den 1. Stack ze komme fir Leit mat limitéierter Mobilitéit. Beim Méchel huet car Parkméiglechkeeten nobäi. Eng Statioun fir Ären Elektroauto ass och ganz no.

Gëff en Deel vun eiser Community...

food
food
food
food

Newsletter abonéieren